D’Zolwer Musek invitéiert ganz häerzlech op hiren traditionelle Gala Concert zu Zolwer am Artikuss.

De Programm vum dësjärege Galaconcert ass esou villfälteg an esou faarweg wéi en nëmme ka sinn.
Vu Russland op Lëtzebuerg, aus Spuenien an Éisträich, vun England an Irland, vun all Style, aus all Richtung ass fir jiddereen eppes dobäi.
Mol spillen eis Musikanten, mol sangen se a mol klappen se.
Um 20:00 Auer geet et lass, sou datt jidderee musikalesch mat eis an den 1. Mee erafeiere kann.
D'Zolwer Musek steet wéi gewinnt ënnert der Direktioun vum Serge Kettenmeyer an duerch de Programm féieren d'Vanessa Lommer an den Dany Gilbertz.

Loosst Iech dat op kee Fall entgoen a reservéiert elo hei schnell är Plazen!

Vergangene Vorstellungen

Datum Zeit Vorstellung    
Mo. 30. April 2018 20:00   Diese Veranstaltung ist abgeschlossen.

Veranstaltungsort:

K.U.S.S.
Artikuss
3, rue Jean Anen
L4413 Soleuvre Luxembourg
Google Maps: Anfahrtsweg anzeigen