Ënnert dem Patronage vun der Zolwer Musek fënnt den 16. November um 19:30 Auer am Artikuss zu Zolwer déi 4. Editioun vun der Spillshow «Klapp den Engel» statt.
 
An dëser Show gëtt de Georges Engel vun engem/enger Kandidat/in erausgefuerdert.
Aus enger Préselektioun vu 4 Leit gëtt de Géigner vum "Engel" vun de Spectateuren eraus gewielt. A maximal 9 verschidde Spiller stellen d’Kontrahenten hir sportlech Ausdauer, hir Geschécklechkeet souwéi och hir gro Zellen ënner Beweis.
 
D’Moderatioun vun der Show läit an den Hänn vum Dan Spogen.
An de Pausen tëscht de Spiller suergt d'Band "Audiochill" fir dat musikalescht Enkadrement.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.
 
¡¡¡ 8.000€ !!! woarden op deen, deen et fäerdeg bréngt, géint de Georges Engel ze gewannen.

Vergangene Vorstellungen

Datum Zeit Vorstellung    
Sa. 16. November 2019 19:30   Diese Veranstaltung ist abgeschlossen.

Veranstaltungsort:

K.U.S.S.
Kultur-Sport-Scheierhaff
3, Rue Jean Anen
L-4413 Soleuvre
Google Maps: Anfahrtsweg anzeigen